Den Alfred Hitchcock op Besuch zu Iechternach


28 March 2021

Leschten Championatsmätch deen Entscheedung bréngen muss, ween den battere Wee no ënnen muss untrieden. Iechternach hat hei déi besser Kaarten well hinnen en Gläichspill schonns duer geet an dann och nach an optimaler Besetzung untrieden kann. Mir mussen esou ewéi déi ganz Saison schonns, ob den Jim verzichten. An dann leeft et och nach direkt schlecht bei den 2 éischten Eenzel. Alle béid ginn se mat 2 zu 3 verluer an domadden ass den Abteistädter hir Rechnung, den Trajan ob 2 ze stellen, opgaangen. Woubäi den Quentin  bei 2-1 Féierung an 9-7 am 4ten Saz den Sack hätt missten zou maachen. Mee do huet den Routinier seng  Cleverness spille gelooss an dem Quentin den 2ten Präis ginn. Well ob der anerer Säit den Hugo och am 5ten Saz den Kierzeren gezunn huet, wor schonns eng kleng Virentscheedung gefall an Iechternach ass mat 2-0 an Féierung gaangen.

 

Erwaardungsgeméiss huet den Jules mat 3-0 géint den Bogdan verluer an Iechternach ass dem “Maintien” ëmmer méi no komm. 3-0 an Féierung, wat sollt do nach geschéien! Dat wor Rechnung ouni den Wiert gemaach. Nodeems den Mohamed, veronséchert duerch den kloeren Réckstand 2 Sätz gebraucht huet vir géint den Laurent an d ’Spill eran ze komme, huet en am 3ten an 4ten Saz näischt méi ubrenne gelooss an eng kloer Victoire gefeiert. Dat huet emol erëm en klengt Feierchen bei eisem Team brenne gelooss an en bësschen Hoffnung ass erëm opkomm.

 

Am 1ten Eenzel no der Paus huet den Quentin, trotz senger Blessur, dem Aleksander keng Chance gelooss an mat engem aggressiven Ugrëff Spill op 2-3 verkierzt. Déi aner Säit konnt den Hugo mat 2-1 géint den Trajan an Féierung goen, an ob eemol ass Hoffnung erëm klomm. An den Hugo huet dat confirméiert, wat en dénen leschten Matcher ugedeit hat. Hien huet konzentréiert ob engem Top Level gespillt an huet dem Iechternacher Routinier och am 4ten Saz mat 11-9 den 2ten Präis ginn. Ween hätt dat vun hinnen nach geduecht! Nom 0-3 mam Réck widdert der Mauer ass Equippe zur Héichform opgelaf, wuel wëssend dat all verlueren Match den Ofstieg als Konsequenz hätt. 3-3 an déi 2 leschten Eenzel mussen eng Entscheedung iwwert eng ganz Saison bréngen! Vläicht sinn mir elo fir d ’éischten Kéier moralesch liicht am Virdeel.

 

Den Laurent wënnt den 1ten Saz relativ kloer géint den Jules. Den Mohamed senger säits geet mat engem knappen 12-10 an Féierung. Den Jules kann den 2ten Saz no klorer Féierung am Finish knapp mat 12-10 vir sech entscheeden an hat domadden dem Laurent den Zant gezunn an konnt déi 2 lescht Sätz wann och knapp awer souverän all kéiers mat 11-8 gewannen. Well och den Mohamed ob der anerer Säit an engem héich klasseschen Match mat 11-8 den 2ten Saz gewonnen hat, woren mir nach 1 Saz virun der Rettung. Duerch den Trajan gutt agestallt huet den Bogdan méi Drock entwéckelt an konnt mat 11-8 an 13-11 en leschten an entscheedenden Saz erspillen. 1 Saz also deen elo entscheet no enger Saison ween elo dran bleift an ween net! Och am 5ten Saz ass et hin an hir gaangen an beim 9-9 en wonnerbaren Ball Wiessel mat dem besseren Enn fir den Bogdan an Match Ball Iechternach, deen den Bogdan dann ower einfach vergëtt. Dann erëm Match Ball fir Iechternach, den Mohamed bleift cool an mat engem staarken Block an den Revers huet en och deen verdeedegt. Dann ob eegenen Service den 1ten Match Ball fir eis Equipe, den Ball geet nach 2 x hin an hir an mat engem Revers Feeler vum Bogdan ass dat onméiglecht nach gelongen! Eng Equipe déi sech net opginn huet, konnt dat ganzt nach eng kéier ëmdréien an en net méi erwaarten Erfolleg géint Iechternach feieren. Chapeau Jongen dir hutt wou et drop ukomm ass als Equippe gewisen wat méiglech ass. Bleift fir eis ze hoffen dat mir och d’ nächst Joer mat iech all bei eis rechnen kënnen. Fir Iechternach an den Briddel bleift ze hoffen, dat den CD en Mëttwoch dann eng Decisioun hellt, fir weiderhin och mat 10 Equippen an der BDO ze spillen. An den Hitchcock hat, esou schnell ewéi en komm wor, sech och nees aus dem Stepps gemeet!