« Showdown » zu Iechternach


22 March 2021

Nodeems dann leschten Samschdeg den Match géint Berbuerg mat 5-2 verlueren gaangen ass, heescht et elo en Samschdeg den Match géint Iechternach onbedéngt ze wannen fir an der BDO Liga ze bleiwen. Réckbléckend wier en Gläichspill géint Berbuerg verdéngt gewiescht, mee eng onglécklech parteiesch Arbitter Opfuederung un den Spiller Mostafa säin Ball méi héich an d ’Luucht ze geheien, huet dësen aus dem Match bruecht an déi Nidderlag géint den Thillen ageleet. Pikanter weis huet géint deen selwechten Géigner, deemools en offiziellen Arbitter vun der FLTT, och an engem entscheedenden Moment géint den Jules agegraff an him en falschen Opschlag gezielt. An allen aneren Matcher woren esouwuel eis ewéi och dem Géigner seng Servicer korrekt!

 

Ewéi gesot en Samschdeg geet et em d’ Wurscht. Fir dran ze bleiwen musse mer gewannen. En Gläichspill geet net duer! Eng Covid Saison ouni den Jim wor gewosst dat et schwéier géif ginn. An en Samschdeg muss Equipe ob engem optimalen Niveau spillen fir déi Iechternacher ze klappen. Loossen mer hoffen dat FLTT genuch Leit huet fir deen entscheedenden Match mat FLTT Arbitteren ze besetzen. Un Iech léif Supporteren den Opruff eis Equipe moralesch fir den leschten Match ze ënnerstëtzen wuel wëssend dat dir leider net ob der Plaz kënnt derbäi sinn mee dat ganzt vun doheem aus.

 

Zum Schluss dann och en groussen Merci un all eis Sponsoren déi eis trotz der Covid an dësen wirtschaftlech schwéierer Zäit finanziell ënnerstëtzt hunn. Verschiddener konnten leider, trotz Kontrakt, dëser finanzieller Belaaschtung net nokommen, wat mir och verstinn, mee mir hoffen dat wann Zäiten sech erëm besseren mir weiderhin ob hir finanziell Ënnerstëtzung zielen kënnen. Well ouni Sponsoren geet haut am Sport wéinech bis guer näischt! An och en groussen Merci un all eis Benevollen déi elo Samschdeg fir Samschdeg bei der 1ter Equippe präsent woren an esou derzou bäigedroen hunn dat den Championnat konnt esou normal ewéi méiglech gespillt ginn. En allerleschten Merci dann un eis Arbitteren vun der FLTT déi dofir suergen dat den Championnat an geregelten Bunnen iwwert Bühn geet. Mir wëssen dat et schwéier ass bei der klenger Dëschtennis Famill seng Roll als Arbitter ze spillen an mir och alt emol verbal Aussetzer hunn, déi ower nom Match definitiv geläscht sinn. Am Prinzip géifen mir jo dann duerno en Patt zesummen drénken, mee dat geet jo elo leider net!