Den DT UNION an déiwer Trauer


12 April 2021

Den Dëschtennis UNION an déiwer Trauer!

D’lescht Woch kruten mir déi traurech Nouvelle déi mir alleguerten gefaart  hunn, den Ed huet säin Kampf géint den Kriibs verluer! Wéi hien huet missten hospitaliséiert ginn well hien den Corona Virus erwëscht hat, dunn ass och dem Ed säin Kämpfer wëllen esou lues ob en Enn gaangen. An engem leschten Telefonsgespréich, dat hien mam Pol hat, huet hien net méi esou optimistesch geklongen an nach eng kéier en léiwen Bonjour un eis all geschéckt! Gären hätten mir hien nach eng kéier gesinn éier en sech ob säin leschte Wee gemeet huet. An wann een selwer betraff ass, versteet een vill besser ewéi schwéier et fir d’ Famill ass, wann een sengem léifsten net um Stierfbett kann bäistoen!

 

Seng éischt Lizenz krut den Ed den 1ten Februar 1965 zu Bouneweg. Den Dëschtennis huet hien sech praktesch selwer bäibruecht. Stolz wor hien drop dat hien sech alles bei deenen aneren Spiller ofgekuckt huet. An wéi gutt hien dat gemeet huet, dat konnt een an der Saison 1967/1968 gesinn. Bouneweg 1 hat 2 staark Spiller ze ersetzen, den Raymond BETZEN an zäitweilech den Pierre RADOUX. Hei ass virun allem den Ed agesprongen an zesummen mam Jean DUMONG, Pierre KEHL, Henri an Pierre RADOUX ass hinnen dat onméiglecht gelongen an sinn sensationell virun Nouspelt an Eirendivisioun geklommen. An der Saison 1973/1974 huet den Ed eng Erausfuerderung gesicht an ass bei den Bridel gewiesselt fir do an der héichster Klass der Nationaldivisioun ze spillen. Dat wor awer en klengen an eemolegen Aussetzer vun engem Joer. Déi Saison drop wor hien erëm zu Bouneweg fir dann 1976 och mat Bouneweg an Nationaldivisioun ze steigen. Seng Matspiller waren den Jemp ANTONY, Walter KARTHEISER an den Gast WEIMERSKIRCH. Och wann et en battert Joer ouni Punkt Gewënn wor, esou wor et dach eng flott Erfahrung fir eisen Veräin.

Och duerno stoung den Ed Samschdeg fir Samschdeg säin Mann an huet hannert dem Dësch an virun allem och duerno, ëmmer säin Bescht ginn. Hien huet déi jonk Läit encadréiert an dofir gesuergt dat eng gutt Ambiance am Veräin geherrscht huet. Och am Comité huet den Ed gehollef dat alles riicht leeft. An der Saison 2002/2003 huet hien dann och den Posten vum Caissier iwwerholl deen nom Doud vum Pierre KEHL Vakant wor.  Nodeems mir 2006 mat Hollerech fusionéiert woren, huet eis 1t Equipe an der Nationaldivisioun gespillt. Och do konnt een hien als treien Supporter zimmlech oft gesinn.

Bis an Joer 2017 wor den Ed all Samschden aktiv. Den leschten Championnat Match sollt nach emol eng kéier en Héichpunkt ginn. Tageblatt hat sech ugemellt an folgend Schlagzeil parat: “Das wohl erfahrenste Team Luxemburgs”. Hei huet den Ed zesummen mam Gust, Rich an Nico an enger Equipe gespillt an mat engem Altersduerchschnëtt vun 76,25 Joer en lëtzebuergeschen Altersrekord opgestallt!

Vun der nächster Saison aus un wollt hien just nach spillen wann een gebraucht gouf. Leider wor dat praktesch all Samschden den Fall esou dat seng Pensioun nach ob sech waarden gelooss huet. Weiderhin ass awer 1 mol Woch trainéiert ginn fir dann duerno zesummen bei engem gudden Maufel nach eng wonnerbar Schnëssesch, wou och vill gelaacht an gelästert gouf, ze halen. Am Laf vum Joer 2019 huet dunn den Kriibs dem Ed den Kampf erkläert! An esou ewéi mir den Ed kannt hunn, huet hien sech ganz kämpferech dëser Erausfuerderung ugeholl. Nodeems hien dunn déi éischten Behandlung gutt iwwerstanen hat, ass hien emol geleeëntlech erëm ob den Stammdësch komm fir en Maufel ze iessen an och ze schwätzen. Enn des Joers dunn en Réckschlag. Den Ed huet missten hospitaliséiert ginn an loung iwwert Chrëschtdeeg am Spidol. An wéi dunn och nach den Covid esouwuel den Ed ewéi och seng Fra erwëscht hat, wor dem Ed säin leschten Match net méi ze wannen. En Méindeg den Moien ass den Ed verstuerwen.

Äis Gedanken sinn elo virun allem bei senger Fra Josette, déi elo eleng géint den Covid kämpfe muss an wou mer hoffen dat Si dat iwwersteet. Äis häerzlecht Bäileed un seng Kanner den Jeannot an Nadine mat sengem Mann Dan. Des Weideren denken mir och un Enkelkanner Liv an Phil, déi elo leider net méi mat hirem stolzen “Bopi” kënnen spillen oder hien un sech drécken. Zu gudder Lescht och eist Bäileed un seng Bridder Carlo an Marcel an un seng Schwëster Liliane.

En leschten “Au revoir” vun eis all. Mir vermëssen elo schonns däin Laachen, stëppelen an deng gutt Laun. Mee eppes kënne mer der verspriechen, vergiessen wäerte mer dech nie!

 

 

 

20110917_d200_012.jpg

20060915_s60_007_friess_dtu.jpg

490_0008_14876846_09_12_2017_editpress_408865-1-e1513021784134-768x296.jpg

bdo_final_2014_016.jpg