Iwwerléungen zum Dëschtennis Championnat


07 March 2021

Léif Frënn vum Dëschtennis,

 

Nodeems elo den 1ten Match am Play-down gespillt ass, wollt ech mol en puer perséinlech Remarquen zu dësem dach an allen Hisiichten aussergewéinlechen Championnat maachen.

 

Ob der enger Säit ass den Corona eisen stännegen Begleeder an mir hunn net déi beschten Viraussetzungen fir eis optimal ob den Match vir ze bereeden. An dat gëllt fir all Equipe. Mir hunn ower och hei geléiert, genau ewéi am Beruff- an am privaten Liewen domadder eens ze ginn.

 

Op der anerer Säit hunn mir, an mengen Aen, den beschten Championnat deen eis iewescht Klass jeemools ze bidden hat. Jo em den Titel spillen 4 Equippen an et wor nach nie esou, dat déi alle véier kënnen Champion ginn. Diddeleng ass an bleift den Favorit. Lénger kann déi grouss Iwwerraschung ginn! Wann den KILL trotz senger Blessur, optimal spille kann an dann och nach vun engem DE SOUSA positiv ënnerstëtzt gëtt, an net ewéi leider ze oft, an den entscheedenden Matcher net dem Drock gewuess ass, ass hinnen alles zou ze trauen. Am noosten drun ass fir mech ower Equipe vun Hueschtert/Folscht. An och den Houwald kann berechtechterweis un den Titel gleewen. En Kampf em den Titel esou enk ewéi mir en nach net gesinn hunn! An sidd mir net béis wann ech der Meenung sinn, dat no laanger Dominanz vun den Diddelenger, en neien Champion eisem Sport gutt géif doen.

 

Wann den Kampf em den Champion schonns ausgeglach ass, wat soll een dann nach eréischt soen vum Championnat am Play-down! Ausser dem Briddel deen no der Nidderlag géint Union just 2 Gläichspiller opweises huet, an des kéier an optimaler Besetzung ugetrueden ass, gëtt et schwéier fir Plaz nach ze halen. An ween weess wéi se géifen do stoen, wann den GIRALDO déi 10 Matcher géint direkt Konkurrenten gespillt hätt am Plaz hei just 3 mol zum Asaz koum. Ewéi enk et hei zougeet gesäit een dorunner dat 7 vun 18 Matcher mat engem Gläichspill ausgaangen sinn. All kéiers 4 mol bedeelegt woren hei Iechternach an Berbuerg. Union sengersäits huet keng Kéier gläich gespillt dofir awer zesummen mat Rued an Eiter 3 mol gewonn. En Pronostic ween hei den batteren Wee an NLB muss untrieden ass schwéier viraus ze soen. Wann och den Briddel déi schlechsten Kaarten huet, sou sinn och nach Eiter an Rued nach net aus dem Schneider!

 

Eng aussergewéinlech Saison mat aussergewéinlechen Leeschtungen kéint an mengen Aen och aussergewéinlech Entscheedungen mat sech bréngen. Wann den Championnat an den ënneschten Divisiounen net méi opgeholl gëtt, an domadden och keen Opsteiger an NLA kënnt, wier et dann net eventuell denkbar dat den CD, genau ewéi am Basket Decisioun hellt, an keen ofsteige léisst? Den aktuellen Niveau vun eiser Top Liga géing ob jidder Fall dëst hir ginn. Kloer sinn mir een vun den Veräiner deen vun dëser Decisioun eventuell géing profitéieren. Mee dëst ass net den Grond vun mengem Uleies. Ech sinn der Iwwerzeegung dat dëst déi richtech Decisioun fir eisen Sport ass. An gleeft mir no 50 Joer Erfahrung am Dëschtennis kann ech mat Nidderlagen ëmgoen an sinn och bereet den batteren Wee an NLB un ze trieden an an deem Fall en neien Ulaf ze huelen fir erëm an Nationale A ze steigen. Mee ween weess, vläicht kann eisen CD iwwert säin Schied sprangen an mat ob dësen Wee goen.

 

Mat sportlechen Gréiss

Claude RISCH