Prévision 2020/2021

Saison 2020-2021

Den Weekend vum 19 September geet den Dëschtennis Championat erëm nees lass. COVID 19 kann een wuel ower als iwwer geuerdneten „Riichter“ gesinn, well hien décidéiert ob mir bis zum Enn spillen, Saison ofgebrach gëtt oder esou guer eventuell annuléiert muss ginn, well einfach ze vill Matcher net konnten gespillt respektiv d’ Équipen ze staark geschwächt hunn missten untrieden. Wann bis ewell am Dëschtennis Heemrecht net deen enorm héichen Virdeel hat, sou wäert dat och änneren. All Gemeng, an deemno wéi ze guer vun Sportshal zu Spillsall, wäerten Virschrëften net eenheetlech sinn, an esou muss den Géigner sech all kéiers ob nei Situatiounen astellen an domaden net déi optimalsten Virbereedung ob den Match hunn. Dest ass en kloeren Nodeel fir den “Visiteur”. En zweeten Nodeel ass, dat an der BDO TT League mat just enger kompletter Hironn, en Veräin genau seng wichtechst Matcher eventuell auswäerts spille muss, an an der Réckronn just nach 2-3 mol Heemrecht huet. Mee ween weess, sollten d’ Resultater aussoen dat d’ Heemrecht wierklech en enormen Virdeel bruecht hätt, dann wäert FLTT jo sécher d’ Hironn annuléieren.

 

Kommen mer dann elo zou eiser éischter Équipe. Um Transfert Maart huet sech direkt näischt gedoen, an mir wäerten weiderhin mam Mohamed, Quentin, Hugo, Jim an Jules den Championat bestreiden. Ziel ass et fir eis ze halen, an wann et optimal lafen sollt, deem engen oder aneren uewen d’ Liewen schwéier ze maachen.

 

Eis 2t Équipe spillt an der Promotioun mat viraussiichtlech folgenden Leit: Marko, Théo, Jérôme, Victor an Caroline. Nei ass hei den Théo deen vun Ruedt kënnt an schonns en beuechtlechen Palmarès obweises huet. Hinnen kann een eng gutt Roll zoutrauen, an firwat net den Opstieg an Ugrëff huelen. Zesummen mam Victor wäert hien och am Jeunes Championat spillen wou Si och uewen matspillen wäerten. Laangfristeg ass deenen 2 Jonken sécherlech zou ze trauen an der 1ter Équipe Fouss ze faassen.

 

Eis 3t Équipe spillt mat Andreea, Igor, Georges, Jean an Andrei. Och hei huet en weidert Talent sech eisem Veräin ugeschloss an zwar den Jean Gilles vun Lénneng. Hinnen ass an der 1ter Divisoun alles zou ze trauen an Si däerften näischt mam Ofstieg  ze dinn kréien.

 

Fir eis aner Équipen ass et schwéier eng Virausso ze maachen weder wéi eng Roll se spillen nach ween wou wäert spillen. Ob jiddefall wënschen ech eis alleguerten eng flott Saison 2020/2021, dat se fair ofleeft an och zu Enn gespillt kann ginn. Virun allem ower:

 

Bleift alleguerten gesond!